Scho säit iwwer 25 Joer leescht d’Nordstadjugend ASBL an e puer Gemengen am Norde vum Land Jugendaarbecht. D’Zil vun dëser Associatioun ass et d’Jugendaarbecht an esou vill wéi méigleche Gemengen an a ronderëm der Nordstad ze garantéieren, soumat och an der Gemeng Bettenduerf.

Nieft der regionaler Jugendaarbecht, bitt d’Nordstadjugend och de Service « Jugendwunnen » un, dee Jonker am Alter vun 18-26 Joer a Wunnengsnout hëllefe soll.

Ausserdeem bidde Si 2 Jugendhaiser un, eent zu Dikrech an eent zu Ettelbréck, déi eng alldeeglech Betreiung vun de Jonken erméiglechen.

An der Regioun ginn och reegelméisseg verschidde Projete, Aktivitéiten a Workshoppen zu ënnerschiddlechen Themen ugebueden, speziell an de Beräicher Kultur, Sport, Präventioun an Informatioun.

Ënnert dësem Link léiert dir d’Ekipp vun der Nordstadjugend kennen:

Présentation – équipe Nordstadjugend ASBL

Hei drënner fannt dir d’Datume wéini d’Ekipp vun der Nordstadjugend bei eis ënnerwee wäert sinn:

Dernière modification le 14/05/2025
Aller au contenu principal