Take Off Science challenge show – Season 2

Eis Gemeng ass bei Take Off dobäi!

 

👉 D’Emma aus eiser Gemeng ass bei der 2. Staffel vun der Take Off Show dobäi! Ënnerstëtzt eis Jonker a kuckt d’Show all Sonndeg um 19:00 Auer op YouTube, RTL an RTL Play. Méi Infos: www.takeoffshow.lu. Mir zielen op Är Ënnerstëtzung! 

 

Wat ass Take Off iwwerhaapt?

 

Eng Science Show mat 13 Episoden, wou 12 jonk Talenter kniwweleg, kreativ a logesch Challenge léisen.

 

An all Episod verléisst eng Persoun d’Show, bis déi Top 2 Gewënner e Präisgeld vu bis zu 10.000 € kréien!

 

D’Show feiert de Potential vun eise Jonken, d’Diversitéit vu Lëtzebuerg a weist, wéi wichteg Wëssenschaft fir eisen Alldag ass.

 

Wou a wéini kanns du dat kucken?

📺 All Sonndeg um 19:00 Auer (mat Ënnertitelen op EN an FR) op :

 

 

  • RTL an RTL Play.

 

Loscht op méi Behind the Scenes?

Entdeckt d’Kandidat/innen op Instagram a TikTok: @takeoffshow.lu.

 

Fir ween ass Take Off?

Fir jiddereen! Kuckt et mat der Famill, Frënn oder eleng – Take Off begeeschtert Jonk an Al!

 

Partner:

Take Off ass eng gemeinsam Initiativ vum Luxembourg National Research Fund (FNR) an der André Losch Fondation, produzéiert vu FreeLens.

Dernière modification le 27.01.2025

Des articles de la même catégorie

Aller au contenu principal